De Beiebetrib

De Beiefritz ass e jonke Beiebetrib, gegrënnt 2015 zu Lëtzebuerg.

Mir läit e wiesensgeméissen Ëmgang mat menge Beien um Häerz, fir esou nohalteg an naturgetrei wéi méiglech Hunneg recoltéieren ze kennen ouni dobäi d´Bei an d´Ëmwelt aus den Aen ze verléieren.

D´Beie si méi wichteg wei jee fir eisen Ökosystem, se spillen déi wichtegst Roll bei der Bestëbsung vun Uebstbeem. Ouni d´Hunnegbei kennen en Drëttel vun alle Planzen net bestëbst ginn.