De beiefritz

Gebuer 1990 zu Lëtzebuerg, hat ech bis zu mengem 24. Liewensjoer kee Kontakt zu Beien. Duerch mäin Interesse fir Deieren a Biologie, souwéi meng bewosst ökologesch an nohalteg Denkweis fir Liewensmëttel selwer unzebauen, sinn ech dann och zu de Beie komm.

Mir ass et besonnesch wichteg dass de Konsument novollzitt wouhier säi Liewensmëttel kennt a weess wei et hiergestallt gëtt, sou wei dat fréier war, wou jiddereen alles selwer produzéiert huet. „Back to the roots“ eben.

Säit der Industrialiséierung huet eis Gesellschaft en mega “Boom” erlieft, wou et ëmmer méi einfach ginn ass schnell u Liewensmëttel ze kommen an am Supermarché “anonym” all d´Produiten ze kafen.

Mir hu vergiess, wei vill Zäit an Energie an all eenzelem Produit stiechen, well jo alles 7/7 Deeg am Regal disponibel ass.

Yannick alias. De Beiefritz