D´Beievollek

Eng Bei eleng kann net iwwerliewen. Et ass op mannst eng Kinnigin (Weisel) an e puer Aarbechterinnen néideg, déi verschidden Aufgaben iwwerhuelen, fir als Vollek ze bestoen. E sougenannte Superorganismus (deu.: “der Bien”) besteet aus méi Individuen, deen nëmmen esou liewensfäeg ass.

Kinnigin (Weisel)

D´Kinnigin ass de Schlëssel zum Beievollek. Et gëtt nëmmen eng Kinnigin am Beievollek a sie ass déi eenzeg Bei déi fir d´Eeër leen zoustänneg ass, sou ass sie d´Quell vun der Genetik. Emol am Liewe befrucht kann se hiert ganzt Liewe laang Eeër leen, wat 3-5 Joer dauere kann.

Aarbechterinnen

Och sie si vu weiblechem Geschlecht, mee onbefrucht. Sie stellen de Groussdeel vum Beievollek duer a verriichten déi verschiddenst Aufgaben déi am Beievollek ustinn. Direkt no der Gebuert si sie Stackbeien a widmen sech dem Nowuess a fidderen d´Larven, baue Waben, lageren Nektar a Pollen an, befreien de Beiestack vun doudege Beien an hale Wuecht beim Fluchlach. Ab ca. dem 20. Liewensdag gi sie zu Sammelbeien a sammele Waasser, Pollen, Nektar a Propolis. No enger Liewensdauer vu ca. 40 Deeg am Summer a 6-7 Méint am Wanter stierwen se schlussendlech.

Drohnen

Et handelt sech heibäi em déi männlech Beien am Beievollek. Sie sinn ausschliisslech fir d´Befruchtung vun de “Prinzessinnen” zoustänneg. De Summer iwwer loossen se sech vun den Aarbechterinne fidderen a kuerz virum Wanter ginn se vun den Aarbechterinnen aus dem Stack verdrängt an erleiden den Hongerdoud.