Propolis – Kittharz

Propolis mat senge wichtegste Bestanddeeler (ca. 1000 Substanzen):

– 50-55% Harz a Balsam (an Europa gréisstendeels vu Weiden (Salix), Pappel, Käschten, Bierken, Fiichten, Dännen a Kifer)

– 30-40% Wues

– 5-10% antibiotesch wierkend, ätheresch Ueleger

– 5% Bléiepollen

– Flavonoide, Kaffisaier-Derivater, Vitaminn A, C, E, H a B, Eisen, Kalium, Kalzium, Koffer, Magnesium, Mangan, Selen an Zénk.

D´Quantitéiten si Maximalwäerter.

Propolis ass e gummiaartegt, pechegt Material. Et zielt zu de wierksaamst natierlechen Antibiotique, besetzt eng antiviral Wierkung an mëscht Parasitten a Pilzer futti.

Notzen fir d´Beien:

– Baustoff fir d´Ausbesserungs- an Isoléierungsarbeschte géingt Duerchzoch, Fiichtegkeet a Mikroben.

– Schutz virun Infektiounen (bei 40000 Beien op enkstem Raum) – Dënnen Iwwerzuch vun den Zellen.

– Iwwerzuch vun doudgestachenen Déieren (z.B.: Mais) zum Schutz virun Infektioune wéinst Verwesungsgefter – Mumifizéierung ouni Verwesung.

Opgepasst bei Propolisallergie oder -intoleranz!

Villmools Merci fir déi bereetgestallten Informatiounen duerch den Dr. med. Stefan Stangaciu